Klimapakt-Dag 2024
Freides, de 7. Juni 2024
Vun 8:15 bis 16:30 Auer
an der Chambre des Métiers um Kierchbierg
De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit a Klima-Agence freeë sech, Iech op de Klimapakt-Dag 2024 ze invitéieren.
De Programm:
D'Plaze si limitéiert. Mir bieden Iech dowéinst, Iech bis den 3. Juni unzemellen.
Ab 8:15 Auer: Accueil mat Kaffi a Croissant
08:30-12:00 Auer : Fachlech Seancen
Am Ganze kënnt Dir Iech fir bis zu zwou Seancë vu jeeweils 90 Minutten umellen, déi noeneen ugebuede ginn.
1. Wärmeplanung an de Gemengen
- Virstellung vum europäesche Kader an zukünfteg Ufuerderungen un d‘Gemengen
- Piste fir d’Planung an d’Ëmsetzung vun der Wärmewende:
- Iwwerbléck zu de verschiddene planerëschen an technesche Méiglechkeeten
- Exkurs zur Geothermie
2. Économie circulaire an nohaltegt Bauen
- Virstellung vum Reparaturbonus an Austauschméiglechkeet mam Oekozenter Pafendall
- Präsentatioun vum neien Outil “BauCheck” fir eng nohalteg an zirkulär Entwécklung vu kommunale Gebaier, komplettéiert duerch Pitchen aus der Praxis
3. Roll vun der Gemeng beim Ausbau vun der Photovoltaïk um Gemengenterritoire
- Iwwerbléck iwwert déi verschidde Levieren an Ennerstëtzungsinstrumenter
- D’Autoconsommatioun an Energiekommunautéiten
4. Workshop zur Klimawandelupassung
- Praktesch Ëmsetzung vu Klimaupassungsmoossnahmen um Niveau vum Quartier
- Atelier proposéiert vun de Partnerorganisatioune CELL, IMS, EBL a Klima-Bündnis Lëtzebuerg
12:00 - 13:30 Auer: Lunch & Networking
Programm vun 13:45 bis 16:30 Auer (dotëschent ass eng Paus virgesinn)
- Begréissung (Klima-Agence)
- Riede vun dem Minister Serge Wilmes an dem Minister Lex Delles
- Thematesch Interventiounen zu aktuelle Sujete vu Klima-Agence, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an der Ëmweltverwaltung
- Iwwerreechung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen
Ab 16:30 Auer : Gemeinsame Patt